Nico Klopp
Den Nico Klopp war e letzebuergesche Moler. Hien ass den 18. September 1894 zu Bech-Maacher gebuer, an den 29. Dezember 1930 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen, wahrscheinlech un engem Gehirtumor, am Alter vun nëmme 36 Joer. Hie gëtt zu de postimpressionistesche Moler gerechent.
Säi LiewenDen Nico Klopp koum aus dem Wënzermilieu. Hien huet d'Handwierkerschoul an der Stad besicht. Seng Eltere si frei gestuerwen. No hirem Doud, huet hie sech fräi gefillt, fir vun 1915-1920 zu Dusseldorf a Weimar Konscht ze studeieren. Well hie vun der Konscht aleng net liewe konnt, war hien, vun 1923 un, Gemengereceveur zu Reimech.
Zäitweileg huet hien op Schoulen Zeechenunterrecht ginn, an huet nach en Täschegeld als Kannengerchersziichter verdengt. 1927 huet hie sech mat e puer anere Kënschtler, wei dem Joseph Kutter, dem Claus Cito, dem Auguste Tremont an anere vum Cercle Artistique getrennt, well him de Cercle ze reckstänneg war. Si goufe Sezessioniste genannt, well se 1927 e Salon de la Secession" organiseiert haten.
E puer vu senge Wierker sinn am Nationalmusee fir Geschicht a Konscht an der Stad ze gesinn.
Den Nico Klopp huet vill Biller vun der Musel gemoolt, bekannt si virun allem seng Biller vun der Muselbreck zu Reimech. Hien huet och Blummebiller gemoolt an dobäi hat hien eng Präferenz fir Tulpen. Ausserdeem war hien e Meeschter an Holz- a Linoschnëtter. Related Paintings of Nico Klopp :. | Landscape with Animals | Eldsken | The Artist as Zeuxis | Der Garten Daubignys | Crocodile and Hippopotamus Hunt | Related Artists: BORSSUM, Anthonie vanDutch painter (b. 1630/31, Amsterdam, d. 1677, Amsterdam) Christian GullagerChristian Gullager (1759-1826) was an artist specializing in portraits and theatrical scenery in the late 18th century; he worked in Boston, Massachusetts, New York, and Philadelphia. Born in Copenhagen, he trained at the Royal Danish Academy of Fine Arts. In America, portrait subjects included president George Washington. He designed scenery for Boston's Federal Street Theatre. Aron Gerlepainted Skargardsmotiv in 1860-1930
|
|
|